Ferrara
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ferrara ass eng eng italienesch Stad vu 130.992 Awunner (2001), déi am Po - Flachland läit. Ferrara ass gekennzeechent duerch seng vill schéin Gebaier aus der Renaissance-Zäit (z.B. d'Kathedral San Giorgio an de Palazzo Giulio d'Este). D'Stad Ferrara an de Po-Delta sinn vun der UNESCO op d'Lëscht vun der Weltierfschaft gesat ginn (1995, 1999).
[Änneren] Geschicht
Ferrara ass wahrscheinlech als Siedlung duerch d’Awunner vun den Lagunen ëm d'Po-Mündung gegrënnt gin. Si gouf fir t’éischt an engem Dokument vum Aistulf vu 753 oder 754 ernimmt a war een Deel vum Exarchat Ravenna. No 984 gouf et verwalt vum Tedalda, Grof vu Modena a Canossa, engem Neveu vum Keeser Otto I. Duerno gouf Ferrara selbständig, an 1101 no enger Belagerung vun der Markgräfin Matilda erobert. Zu däer Zäit gouf d’ Stad vun engem Grupp vu bedäitenden Familjen dominéiert, dorënner och d’ Adelardiën. Wéi den Guglielmo, de läschten vun den Adelardiën gestuerf ass gong säi Besëtz un den Azzolino d’Este iwwer. Vun do unn hat d’Famill d’ d’Este zu Ferrata d’Soen. Zu Ferrara erënnert villes u si.
1391 gouf d’Universitéit vu Ferrara gegrënnt. De Niccolò III. (1393-1441) huet puer Peepst mat groussem Pomp, zu Ferrara empfang, ganz besonnësch den Eugen IV., deen do 1438 ee Konzil ofgehal huet.
Ercole I. (1471-1505) huet e Krich géint Venedeg gefouert. Säi Fils Alfonso I. huet sech mam Lucretia Borgia bestuet an huet de Krich géint Venedeg matt Erfolleg virugefouert. 1509 gouf hien vum Poopst Julius II. exkommunizéiert an huet dunn och géint déi peepstlech Arméien Krich gefouert . Mat de Peepst, déi duerno komm sinn, huet den Alfonso Fridde geschloss. Säin Enkel, Alfonso II, gouf mam Barbara, enger Sëschter vum Keeser Maximilian II., bestuet . Ënnert him huet Ferrara seng Glanzzäit erliewt. Villes ass vun der Este-Famill fir d’Konscht gemeet gin. Well den Alfonso II kee männlechen Ierwen hat, huet de Poopst Clemens III Usproch op Ferrara erhuef. D’Stad ass dunn e Deel vum Kiirchestat bliw, bis et an d’Kinnikräich Italien integréiert gouf.
[Änneren] Kuckeswäertes
- d'Kathedral San Giorgio
- de Palazzo Giulio d'Este
- de Diamantenpalais
- déi 9 km laang Stadmaueren
[Änneren] Literatur
Birgit Emich: Territoriale Integration in der Frühen Neuzeit. Ferrara und der Kirchenstaat, Köln/Weimar/Wien : Böhlau 2005, 1178 S. ISBN 3-412-12705-1 (Habilitatioun Freiburg 2002)
[Änneren] Bekannt Perséinlechkeeten vu Ferrara
- Alfonso I. d'Este, Herzog vu Ferrara, Modena an Reggio Emilia
- Michelangelo Antonioni, italienesche Filmregisseur, Autor a Moler
- Lorenzo Costa, italieenesche Moler
- Francesco del Cossa, italienesche Moler
- Ercole I. d'Este, Herzog vu Ferrara, Modena an Reggio Emilia
- Ercole II. d'Este, Herzog vu Ferrara, Modena an Reggio Emilia, an der Lucrezia Borgia
- Ippolito I. d'Este, Äerzbëschof a Kardinol
- Ippolito II. d'Este, Äerzbëschof vu Mailand a Kardinol
- Isabella d'Este, eng vun de wichtegsten Persounen an der Kultur a Politik vun der italieeneschen Renaissance
- Giorgio Bassani, italienesche Schrëftsteller an Dichter