Charles Goerens
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Charles Goerens (*6. Februar 1952 zu Ettelbréck) ass e lëtzebuergesche Politiker.
De Charles Goerens wiisst zu Schieren op a mécht säi Lycée zu Carlsbourg, an der Belsch, fir eng Ausbildung als Bauer ze maachen.
Hie fänkt seng politesch Caarière 1979 un, wéi en op der Lëscht vun der DP fir d'éischt Kéier an d'Chamber gewielt gëtt, an zanterhir ëmmer nees erëmgewielt gëtt.
Tëschent 1982 an 1984 wiesselt en an d'Europäescht Parlament, wou en ee vun de sechs lëtzebuergeschen Deputéierten ass. Tëschent 1984 an 1989 gëtt en duer erëmgewielt. Hien as och President vun der WEU vun 1987 bis 1994. Vun 1989 bis 1994 ass e President vun der DP. 1989-1994 ass hie Volleksvertrieder an der Chamber, vun 1994-1999 am Europaparlament.
De 7. August 1999 gëtt de Charles Goerens an der Regierung Juncker-Polfer zum Minister fir Cooperatioun, Ëntwécklungshëllef a Verdeedegung an zum Minister fir Ëmwelt ernannt.
Zënter de Chamberwahle vun 2004 ass hien nees Deputéierten an der Chamber.
De Charles Goerens ass bestued an huet 3 Kanner.