Carlos Gardel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Carlos Gardel, (Charles Romuald Gardés) (* 11. Dezember 1887 zu Tacuarembó (Uruguay) oder zu Toulouse, † 24. Juni 1935 zu Medellín a Kolumbien) gouf och nach Kinnek vum Tango genannt. Hie war Tangosänger a Komponist.
1893 ass hie mat senger Mamm op Buenos Aires geplënnert. Seng Kandheet war haart, mee hien huet direkt seng Leidenschaft fir d'Musek entdeckt.
1902 gouf hien am La Victoria Theater, wou heen an de Kulisse geschafft huet, vum italieneschen Tenor Titta Ruffo héieren, deen him du beim Sange gehollef huet.
1913 huet heen zesumme mam Sänger José Razzano, dee seng Leift zum Tango mat him gedeelt huet, eng Carrière ugefaangen. Den Erfolleg huet net laang op sech waarde gelooss a si haten Optrëtter zu Roum, Madrid a Paräis.
No 15 Joer huet de Razzano sech aus gesondheetleche Grënn missen zeréckzéien, mee de Gardel huet aleng weider gemaach an esou gouf hien zum Rey del Tango.
Zesumme mat sengem laangjährege Kollaborateur, dem Poet a Journalist Alfredo la Pera, huet de Gardel vill klassesch Tangoe geschriwwen, awer och Folklore, englesche Foxtrott an traditionell franséisch Lidder.
Seng bekannteste Stécker sinn: A media luz, Mano a Mano a Caminito.
De 24. Juni 1935 ass de Gardel zesumme mam Le Pera bei engem Fligeraccident zu Medellín a Kolumbien ëm d'Liewe komm.
Am September 2003 goufen d'Original-Tounopnahmen vum Gardel senge Lidder an d' UNESCO-Gediechtnes vun der Welt-Lëscht opgeholl.
[Änneren] Tangoen, déi de Gardel gesongen huet (Auswiel)
- Desdén (1930)
- Tomo y obligo (1931)
- Lejana tierra mía (1932)
- Silencio (1932)
- Amores de estudiante (1933)
- Golondrina (1933)
- Melodía de arrabal (1933)
- Guitarra guitarra mía (1933)
- Cuesta abajo (1934)
- Mi Buenos Aires querido (1934)
- Soledad (1934)
- Volver (1934)
- Por una cabeza (1935)
- Sus ojos se cerraron (1935)
- Volvió una noche (1935)
- El día que me quieras (1935)
[Änneren] Filmer
Argentinien
- Flor de durazno (1917)
- Encuadre de canciones - 10 musikalesch Kuerzfilmer (1930): realiséiert a Südamerika mam System Movietone wouduerch hien zum Pionéier fir déi heiteg Videoclipe gouf.
Frankräich
USA
- Cuesta abajo (1934)
- El tango en Broadway (1934)
- El día que me quieras (1935)
- Tango bar (1935)
- The big broadcast of 1936 (esp.: "Cazadores de Estrellas, 1936").