Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions Canterbury Tales - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Canterbury Tales

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Canterbury Tales, Holzschnëtt vu 1484
Canterbury Tales, Holzschnëtt vu 1484

The Canterbury Tales sinn Erzielungen aus dem 14. Joerhonnert, déi vum Geoffrey Chaucer ca. ab 1387 geschriwwe gi sinn. Zwéi vun den Tales sinn a Prosa, déi aner a Verse verfaasst.

D'Erzielunge, vun denen net all als original gëllen, sinn an eng Kaderhandlung agebonnen, déi vun enger Pilgergrupp op hirem Wee vu Southwark, engem Viruert vu London, op Canterbury handelt, wou si d'Graf vum Thomas Becket an der Kathedral besichtege wëllen. (Dëst Graf gouf spéider vum Kinnek Henry VIII. zerstéiert.)

D'Themen an den Erzielunge variéieren, et geet riets vu Léift bei Haff, Verrod, a Gier. Och de Genre ass verschidden, et gëtt Romanzen, bretonesch Lai, Priedegten a Fabelen. D'Charaktere ginn am Prolog agefouert, an erziele Geschichte vu kultureller Relevanz.

Verschidde vun dësen Erzielunge si witzeg, aner eescht, alleguerte sinn si awer immens präzis an der Beschreiwung vun der mënschlecher Natur. Mëssbrauch vun der Relioun ass en Haaptthema. En anert wichtegt Element vun den Erzielungen ass hire Fokus op d'Ënnerdeelung vum Vollek an dräi Stänn: den Adel, de Klerus an den Drëtte Stand. D'Wierk ass net vollstänneg, ursprénglech sollt all Pilger véier Geschichten erzielen, zwou um Hiwee an zwou um Réckwee.

De wuel gréisste Bäitrag vun dësem Wierk zu der englescher Literatur ass de Gebrauch vun der Sprooch vum Vollek amplaz op Franséisch, Anglonormannesch oder Latäin ze schrwien, wat bei literareschen Aarbechten üblech war. D'Struktur vun de Canterbury Tales fënnt een och an aneren zäitgenëssesche Wierker, zum Beispill am Decamerone vum Boccaccio.

Drock- und Konschtgeschicht huet d'Editioun vum Graphiker a Pionéier vum Jugendstil William Morris geschriwwen, déi bei Kelmscott Press (gegrënnt 1891) erauskomm ass. Do sinn no de Masseproduktioune vum 19. Joerhonnert nees räich illustréiert Wierker entstanen, déi handwierklech hirgestallt gi sinn.

Den Titel vum Wierk gouf zu engem gängege Begrëff an der englescher Sprooch, den Numm gouf heefeg ugepasst an iwwerholl, zum Beispill am britesche Film A Canterbury Tale. Virun enger Zäit goufen och verschidden Erzielunge fir d'Televisioun produzéiert. Geneesou wéi et Versiounen a modernem Englesch gëtt, existéieren der och op Mëttelenglesch a Walisesch.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] 1. Fragment

[Änneren] The General Prologue to the Canterbury Tales

Déi éischt Linne vum Prolog am Folio vum Hengwrt Manuskript
Vergréisseren
Déi éischt Linne vum Prolog am Folio vum Hengwrt Manuskript

Den General Prologue ass de presuméierten Titel vun der Serie vu Portraite virun den eigentleche Canterbury Tales. De Prolog vun 858 Linnen dréint sech ëm eng reliéis Pilgerrees. Den Chaucer ass am Tabard Inn, a begéint enger gudder Partie Leit aus ganz England. Dës Grupp vu Leit sinn all um Wee op Canterbury fir d'Graf vum Hellegen Thomas Becket ze besichen. Hie versicht hir Konditioun an hire soziale Status ze beschreiwen:

To telle yow al the condicioun
Of ech of hem, so as it semed me,
And whiche they weren, and of what degree,
And eek in what array that they were inne;

Ënnert de Pilger sinn: e Ritter, e Knappe, e Yeoman, eng Priorin, eng zweet Nonn, de Paschtouer vun der Nonn, e Mönch, en Uerdensbrudder, en Händler, e Beamten, en Affekot, e Grondbesëtzer, e Kach, e Séifuerer, en Dokter, eng Fra vu Bath, e Paschtouer, e Mëller, e Verwalter, e Landvogt, e Kierchebüttel, en Ablasskréimer, an e Portrait vum Chaucer selwer. E Stëftshär a säin Dinger komme méi spéit nach derbäi.

No enger klassescher poetescher Beschreiwung vum neie Fréijor an der Energie déi en no engem laange Wanter bréngt, stellt den Chaucer den éischte Pilger fir, de perfekte Ritter. Dëse Kräizfuerer ass duerch ganz Europa a bis un d'Grenze vu Klengsasie gereest, fir seng Relioun ze verdeedegen. Hien ass d'Personifikatioun vun der neier Energie déi d'Fréijor bréngt.

Duerno komme kuerz Beschreiweunge vu ville vun den anere Pilger mat Detailler wéi si ugedo waren, op wéienge Päerd si geridde sinn, an hei an do kleng Indizien op hire Charakter. Verschidde Pilger ginn am Prolog beschriwwen, mee hu keng Geschicht, anerer ginn net beschriwwen, mee erzielen eng vun den Tales. Dëst ass zum Beispill de Fall vun der zweeter Nonn. Et gëtt ugeholl dass den Chaucer dat nohuele wollt, mee nët méi dozou komm ass.

D'Portraite vun de Charaktere vun den Tales si remarkabel, si hu méi Liewen an Déift wéi déi meescht aner literaresch Figure vun deeër Zäit. Nët nëmmen d'Kleeder gi beschriwwen, mee och de Leit hir Physionomie.

Den General Prologue wierkt zimlech desorganiséiert, ongeféier esou wéi eis Pilger déi um Ufank vum Abrëll matenee lassgezu sinn.

[Änneren] The Knight's Tale

The Knights tale ass iwwert zwee Ritter, den Arcite an de Palamon, déi vum Theseus, Herzog vun Athen, agespaart gi sinn. Am Prisong verléiwen si sech an d'Schwëster vun der Hippolyte, Emelye. Si kommen allenzwee aus dem Prisong fräi an huelen um engem Tournoi fir d'Emelye deel, deen den Theseus arrangéiert huet. Den Arcite gewënnt, mee stierft an sou bestid de Palamon d'Emelye. Dës Tale weist vill typesch Aspekter vum Ritterliewen, d'Léift um Haff an ethesch Dilemmaën. They variously get out of prison and end up in a tournament over Emily arranged by Theseus. Arcite wins, but dies before he can claim Emily as his prize and so Palamon marries her. D'Tale ass a Prosaform geschriwwen.

D'Source fir dës Geschicht ass am Boccaccio senger Teseida delle nozze di Emilia ze fannen. The Knight's Tale ass awer eng labber Iwwersetzung vum Boccaccio sengen 9000 Zeilen an huet der selwer nëmmen e bësse méi wéi 2000.

Two Noble Kinsmen, en Theaterstéck vum William Shakespeare an John Fletcher, baséiert op der Tale.

[Änneren] The Miller's Prologue and Tale

The Miller's Tale ass iwwert de Schräiner/Besëtzer a seng Fra. E Student (Nicholas) iwwerzeegt d'Fra sengem Grondbesëtzer (Alisoun/Alison) eng Nuecht mat him ze verbréngen, andeems hien de Grondbesëtzer iwwerzeegt, dass hien eng Visioun vu Gott gehat hätt, déi him gesot huet datt eng Flut vu bibleschen Ausmoossen op si zoukënnt. D'Léisung, sou den Nicholas, ass fir d'Nuecht an engem Rouer deen iwwert der Scheier festgemaach ass, ze bréngen, an deen da lasszeschneide, soubal d'Waasser héich genuch ass. De Grondbesëtzer gleewt dës Geschicht, an den Nicholas an d'Alison hunn eng Méiglechkeet fir zesummen ze sinn.

Während den Nicholas an d'Alison beienee leien, kënnt den Absolon laanscht, a freet fir e Kuss ze kréien. Mee dozou kënnt et net, an iwwer allerlee zimlech vulgär Spillercher déi den Nicholas dréiwt, fir den Absolon ze verjoen (hie fuerzt dem Absolon ë. a. an d'Gesiit) gëtt den Nicholas vum Absolon verbrannt. Dëse jäizt no Waasser, an de Grondbesëtzer erwecht an denkt sech, dass d'Flut ukomm ass. Hie schneid de Rouer lass, a fällt op de Buedem, wou en sech den Aarm brécht. De Rescht vun der Stad erwecht duerch säi Gejäiz, mee keen hëllt hie fir serieux an hie gëtt nëmmen nach als ale Geck ugesinn.

[Änneren] The Reeve's Prologue and Tale

De Symkyn, e Mëller, huet zu Trumpington bei Cambridge gewunnt, hat Kar a Miel geklaut, wat him bruecht gi war. De Symkyn war och en Expert mat Schwerter, an en ongemittleche Gesell. Seng Fra war d'Duechter vum Mann vum Klerus vun der Stad (an domadder illegitim, well kathoulesch Paschtéier sech jo net bestueden), déi de Mëller bestued hat, well hien eng fäi Fra wollt hunn. Si haten zesummen eng Duechter, d'Malyne, vun 22 Joer, a e Bouf vu sechs Méint.

Wéi de Symkyn sech seng lescht Arbecht fir King's Hall (e Kolléisch vun der Universitéit vu Cambridge) ze deier bezuele gelooss huet, sinn zwee Studente bei hie komm, fir hien zur Ried ze stellen. Si hu beschloss, hien a sengem eegene Spillchen ze schloen. Den John an den Alan hunn e grousse Montant Miel agepak, an hunn dem Symkyn gesot, si wéilten him gäere bei senger Aarbecht nokucken. De Symkyn huet hir Päerd lassgebonnen, an déi zwee Studenten hunn se eréischt kuerz virum Abroch vun der Nuecht zeréckkritt. An der Tëschenzäit huet de Symkyn nach méi Kar geklaut, fir ze beweisen dass Scholaren net ëmmer déi gescheiteste Leit wiren.

Nodeems den John an den Alan nees beim Symkyn ukomm waren, hunn si him ugebueden, hien ze bezuelen wann si kéinte bei him iwwer Nuecht bleiwen. Hien huet si erausgefuerdert, säin Eenzelzëmmer an e grousst Haus ze verwandelen. No ville Rearrangementer hunn de Symkyn a seng Fra an engem Bett geschlof, den John an den Alan an engem aneren, an d'Malyne am drëtte Bett. D'Wéi vum Puppelche wor um Fouss vum Mëller sengem Bett.

Nodeems si Wäin fir eng gutt Zäitche gedronk haten, sinn de Symkyn a seng Famill séier ageschlof, mee den John an den Alan ware waakreg, an hunn hir Revanche geplangt. Aus éischt ass den Alan opgestanen, huet d'Malyne an hirem Bett iwwerrascht a mat hir geschlof. Dunn ass dem Mëller seng Fra opgestanen, de ville Wäin huet op d'Blos gedréckt. Wéi si zeréckkomm ass, huet si am Däischteren hirt Bett gesicht, an huet beim Taaschten d'Wéi vum Puppelche fonnt an sech do an d'Bett geluegt. Dëst war awer dem John säi Bett, deen d'Wéi geréckelt hat, an och si hu matenee geschlof.

D'Nuecht goung op en Enn, an den Alan huet dem Malyne Eddi gesot. Si huet dem Alan erzielt, hie soll emol hannert der viischter Dir kucken, do wär e Kuch deen si mam geklaute Miel gebak hätt. Hien huet d'Wéi virum Bett gesinn, a geduecht et wir dem Mëller säi Bett (mee den John hat d'Wéi jo geréckelt) an ass bei d'anert Bett gaangen - a Wierklechkeet also dem Symkyn säint - fir dem John ze erzielen dass hie mam Malyne geschlof huet. De Symkyn erwecht an ass nawell gudd rosen, an ewecht seng Fra am John sengem Bett. Den John an den Alan hu sech séier duerch d'Bascht gemaach.

[Änneren] The Cook's Prologue and Tale

De Kach erzielt eng Geschicht vun engem Léierbouf, dem Perkyn (Perkin) Reveller. Hie war gudd gebaut, a war méi frou mat der Tavern wéi bei senger Aarbecht. Hien a seng Kollegen hunn sech oft getraff fir zesummen ze feieren, an ze würfelen. Säi Meeschter huet dëst erausfonnt an un d'Sprachwuert "'Wel bet is roten appul out of hoord / Than that it rotie al the remenaunt" (Et ass besser ee faulen Apel erauszegeheien, wéi e leien ze loossen an da ruinéiert en de Rescht). Säi Meeschter huet hien erausgehäit, a sou ass hie fortgaange mat engem Kolleg, deem seng Fra eng Prostituéiert war.

Hei hält d'Geschicht abrupt no 58 Linnen op.

[Änneren] 2. Fragment

[Änneren] The Man of Law's Introduction, Prologue and Tale

Den Affekot erzielt eng Romanz vun enger chrëschtlecher Prinzessin, der Custance order Constance, déi mam syresche Sultan zesummen ass, ënnert der Konditioun datt hien zum Chrëschtentum konvertéiert. Dem Sultan seng Mamm wëll dëst verhënneren a schéckt d'Prinzessin fort.

Dës Tale baséiert op enger Geschicht aus de Chronicles vum Nicholas Trivet mee d'Haaptthema vun der exiléierter Prinzessin war gängeg an der Literatur vun deeër Zäit. Hir Geschicht gëtt och vum John Gower am Wierk Confessio Amantis erzielt, an déi zwou Geschichte sinn ähnlech wéi d'Romanz a Versen Emare.

Dës Tale ass méi frëndlech an ähnlech zu de Liewe vun den Hellegen déi ganz populär waren. D'Custance oder Constance ass, wéi hiren Numm et scho verréid, konstant an hirer chrëschtlecher Relioun, och duerch all d'Attacken déi si vun den Heiden ënnerwee erliewe muss.

[Änneren] 3.Fragment

[Änneren] The Wife of Bath's Prologue and Tale

Éischt Säit vun der Geschicht vun der Fra vu Bath am Ellesmere Manuskript
Vergréisseren
Éischt Säit vun der Geschicht vun der Fra vu Bath am Ellesmere Manuskript

D'Geschicht vun der Fra vu Bath fänkt mat enger Allusioun un d'Feeën un, déi mëttlerweil vun der Welt verschwonne sinn, mee zu der Zäit vum Kinnek Arthur heefeg ze fanne waren. Duerno fänkt si hir eigentlech Geschicht un, wou si oft ënnerbrach gëtt, a selwer ënnerbrécht, wat zu Digressioune féiert. E Ritter vum Kinnek Arthur sengem Haff vergewaltegt eng Fra. Dem Gesetz no steet heirobber d'Doudesstrof, mee d'Kinnigin setzt sech fir de Ritter an, a gëtt säi Juge. Si schéckt de Ritter op eng Missioun fir erauszefanne, wat Fraleit wëllen, an heifir huet hien e Joer an een Dag Zäit. Wann hien d'Missioun net erfëlle kann, gëtt hien higeriicht. Hie sicht duerch d'ganz Kinnekräich, mee all Fra déi hie freet, gëtt him eng aner Entwert.

Um Réckwee nodeems hien d'Fro vun der Kinnigin net beentwerte kann, gesäit hie 24 Fraleit déi danzen. Si verschwanne plëtzlech an zeréck bleift nëmmen eng al Fra. Si versprécht him, him déi richteg Entwert ze ginn, wann hien hir eng Faveur erfëllt, wou si selwer nach den Zäitpunkt festleet. De Ritter ass averstanen a kënnt zeréck bei d'Kinnigin an erzielt hir wat d'Fraë wëllen: to have the sovereignty as well upon their husband as their love, and to have mastery their man above. Déi al Fra jäizt virum ganzen Haff datt si hie gerett huet, an si wëll als Belounung seng Fra ginn. De Ritter protestéiert, mee d'Hochzäit ass awer een Dag drop.

Déi al Fra an de Ritter ënnerhalen sech iwwert dem Ritter seng Freed am Bett, hien ass onglécklech well si al an ellen ass. Si erzielt vun den Origine vun der Gentillesse a vun der Armut. Hien iwwerléisst hir de Choix dat ze ginn, wat hinnen zwee am meeschte Freed ging maachen, an si, glécklech de "Meeschter" iwwert hire Mann ze ginn, gëtt wonnerschéin an ass im trei bis zum Enn vun hiren Deeg.

We wommen han, if that I shal nat lye,
In this matere a queynte fantasye:
Wayte what thyng we may nat lightly have,
Therafter wol we crie al day and crave.
Forbede us thyng, and that desiren we;
Preesse on us faste, and thanne wol we fle.

[Änneren] The Friar's Prologue and Tale

[Änneren] The Summoner's Prologue and Tale

[Änneren] 4. Fragment

[Änneren] The Clerk's Prologue and Tale

[Änneren] The Merchant's Prologue and Tale

[Änneren] 5. Fragment

[Änneren] The Squire's Introduction and Tale

[Änneren] The Franklin's Prologue and Tale

[Änneren] 6. Fragment

[Änneren] The Physician's Tale

[Änneren] The Pardoner's Introduction, Prologue and Tale

[Änneren] 7. Fragment

[Änneren] The Shipman's Tale and Epilogue

[Änneren] The Prioress's Prologue and Tale

[Änneren] The Prologue, Tale and Epilogue of Sir Topas

[Änneren] The Tale of Melibee

[Änneren] The Monk's Prologue and Tale

[Änneren] The Nun's Priest's Prologue, Tale and Epilogue

[Änneren] 8. Fragment

[Änneren] The Second Nun's Prologue and Tale

[Änneren] The Canon's Yeoman's Prologue and Tale

[Änneren] 9. Fragment

[Änneren] The Manciple's Prologue and Tale

[Änneren] 10. Fragment

[Änneren] The Parson's Prologue and Tale

[Änneren] Chaucer's Retraction

[Änneren] D'Canterbury Tales am Film

  • 1972 Pier Paolo Pasolini: I Racconti di Canterbury

[Änneren] Um Spaweck

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu