Bristol
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Bristol | |
---|---|
| | |
Land | Groussbritannien |
Landesdeel: | England |
Koordinaten: | 51°27'N, 2°35W |
Fläch: | 110 km² |
Awunner: | 380.615 (2001) |
Bevëlkerungsdicht: | 3.429 / km² |
Bristol ass eng Stad am Südweste vu Groussbritannien an e wichtege regionale Wirtschafts-, Kultur- an Educatiounszentrum.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geographie
Bristol läit am Südweste vun England um Zesummefloss vun de Flëss Avon a Frome, eng 200 km westlech vu London. Mat enger gudder halwer Millioun Awunner déi an der Agglomeratioun liewen as Bristol di sechst gréisst Stad an England, an di nengt gréisst a Groussbritannien.
Bristol as eng onofhängeg Grofschaft ("unitary authority") a grenzt am Norden an Osten un d'Grofschaft Süd Gloucestershire, an am Süden un d'Grofschaften Nord Somerset a Bath an Nordost Somerset. Am Weste grenzt d'Stad un de Bristol Channel, en Deel vum Iresche Mier.
[Änneren] Geschicht
Wärend der Réimescher Epoch gouf et eng Siidlung mam Numm Abona op dem Gebitt vun der haiteger Stad, déi per Réimerstrooss u Bath ugebonne war. Am Mëttelalter huet Brycgstow (al Englesch: "d'Plaz bei der Breck") sech zu engem nennenswäerten Hafen entwéckelt, nodeems d'Bett vum Floss Avon am Stadzentrum vergréissert gouf. Doduercher konnt sech eng ganz aktiv Schëffsbau- and Handelsszeen entwéckelen. Zäitweileg ass praktesch de ganzen Handel vu Groussbritanien mat Irland iwwer Bristol oofgewéckelt ginn, a Bristol war an der Mëtt vum 14. Joerhonnert déi drëttgréisste Stad an England (no London a York). Am 15.a 16. Joerhonnert ass et du méi lues gaangen, a wärend der Englescher Revolutioun ëm 1640 huet d'Stad staark gelidden.
Den Hafen, an domadder d'Stad, hunn am 17. an 18. Joerhonnert dunn awer erëm rapid u Bedeitung gewonn, virun allem duerch den Handel mat de Britesche Kolonien an Nordamerika an Afrika. Bristol gouf domadder och, zesumme mat Liverpool, zu engem Zentrum vum Sklavenhandel. Et gëtt geschat dass ronn eng hallef Millioun Sklaven op Schëffer, déi zu Bristol produzéiert goufe, vun Afrika an Nordamerika transportéiert goufen. Mat der Zäit goufen et awer erëm Probleemer, virun allem duerch de Krich mat Frankräich 1793, deen de maritimen Handel staark matgeholl huet, an duerch d'Ofschafe vun der Sklaverei 1807. Allerdéngs konnt Bristol seng wichteg Stellung weider verdeedegen.
Am Joer 1841 ass d'Eisebunnslinn Great Western Railway, déi London mat Bristol a spéiderhi mat Südwales verbënnt, opgaangen, wouduercher den Hafe sech London als potentielle Maart geséchert huet. De Great Western Railway war virun allem eng Leeschtung vum Isembard Kingdom Brunel, engem jonke Bauingenieur, dee spéiderhin och d'Bristol Suspension Bridge, eng vun den Attraktioune vum haitege Bristol, entworf huet.
Am Zweete Weltkrich ass e groussen Deel vu Bristol, virun allem am Zentrum, zerstéiert ginn. Nom Krich goufen dunn an deenen zerstéierte Staddeeler Bëtongstierm, Akafszentren an Duerchgangsstroosse gebaut, an et huet bis an d'1980er Joere gedauert, bis endlech erem Wäert och op d'Schéinheet an d'Liewensqualitéit am Stadzentrum geluecht gouf. Am Ufank vum 21. Joerhonnert féiert d'Stad e grousse Renovatiounsprogramm duerch, fir d'Bild vum Stadzentrum ze verschéineren.
Bristol war Kandidat fir d'Europäesch Kulturstad 2008, en Titel dee schlussendlech awer u Liverpool goung.
[Änneren] Politik
[Änneren] Kultur, Edukatioun, Sport
Bristol huet zwou Universitéiten. D'University of the West of England huet ronn 20.000 Studenten, an op der University of Bristol studéire knapps 13.000 Leit.
Zu Bristol gëtt et 2 professionnel Foussballsveräiner: Bristol City spillt an der englescher League One, der drëtthéchster Spillklass am englesche Foussball, a Bristol Rovers ass aktiv an der League Two, der véierthéchster Spillklass. Wichtegste Sport ass awer Rugby an deem de lokale Veräin ee vun deene beschten am Land ass.
[Änneren] Economie
[Änneren] Infrastruktur
[Änneren] Kuckeswäertes
[Änneren] Literatur
[Änneren] Um Spaweck
|
|||
Bedfordshire | Berkshire | Bristol | Buckinghamshire | Cambridgeshire | Cheshire | Cornwall | Cumbria | Derbyshire | Devon | Dorset | Durham | Essex | Gloucestershire | Grouss London | Grouss Manchester | Hampshire | Herefordshire | Hertfordshire | Wight | Kent | Lancashire | Leicestershire | Lincolnshire | London City | Merseyside | West Midlands | Norfolk | Northamptonshire | Northumberland | Nottinghamshire | Oxfordshire | Rutland | Shropshire | Somerset | Staffordshire | Suffolk | Surrey | Ost Sussex | West Sussex | Tyne and Wear | Warwickshire | Wiltshire | Worcestershire | Ost Yorkshire | Nord Yorkshire | West Yorkshire | Süd Yorkshire | |