Bouillon (Belsch)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der belscher Uertschaft Bouillon. Fir aner Bedeitunge, kuckt w.e.g. Bouillon. |
Bouillon | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun: | Wallounesch Regioun |
Provënz: | Lëtzebuerg |
Koordinaten: | 49°47’N, 05°04'E |
Fläch: | 149,09 km² |
Awunner: | 5.455 (2006) |
Bevëlkerungsdicht: | 37 / km² |
Héicht: | ? NN |
Buergermeeschter: | André Defat |
Bouillon ass eng Uertschaft a Gemeng an der belscher Provënz Lëtzebuerg an huet 5.505 Awunner (1. Januar 2005). Se ass 149,09 km² grouss an huet domatter 36,93 Awunner op de km².
Aner Uertschaften an der Gemeng si Bellevaux, Corbion, Dohan, Les Hayons, Poupehan, Rochehaut, Noirefontaine, Sensenruth, Ucimont a Vivy.
Bouillon läit un der Semois (déi a Frankräich Semoy heescht) an ass dominéiert duerch eng Festung, héich uewen um Fiels, déi virdrun dem Godefroy vu Bouillon seng Buerg war. Haaptwirtschaftsaktivitéit ass den Tourismus.
[Änneren] Geschicht
1096 huet de Grof Godefroy vu Bouillon säi Schlass als Pand ginn, fir mat de Suen e Kräizzuch ze finanzéieren. E puer Joerhonnerte laang huet et zum Bistum Léck gehéiert, mee zënter dem 16. Joerhonnert hunn d'Fransousen ëmmer nees probéiert, sech dës strategesch wichteg geleeë Stad ënnert den Nol ze rappen, wat hinnen dann och 1678 gelongen ass.
Am 19. Joerhonnert, nom Wiener Kongress, gouf Bouillon de Vereenegte Nidderlanden zougeschwat, a gouf, wéi d'Belsch sech onofhängeg gemaach huet, belsch.
[Änneren] Um Spaweck
Arel - Atert - Baaschtnech - Bertogne - Bertrix - Bouillon - Chiny - Daverdisse - Durbuy - Éibeng - Erezée - Etalle - Fauvillers - Florenville - Gouvy - Habay - Herbeumont - Hotton - Houffalize - La Roche-en-Ardenne - Léglise - Libin - Libramont-Chevigny - Manhay - Marche-en-Famenne - Maarteleng - Meix-devant-Virton - Miezeg - Musson - Nassogne - Neufchâteau - Paliseul - Rendeux - Rouvroy - Saint-Hubert - Saint-Léger - Sainte-Ode - Tellin - Tenneville - Tintigny - Vaux-sur-Sûre - Vielsalm - Virton - Wellin