Berthe Brincour
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Berthe Brincour, gebuer de 17. November 1879 an der Stad, an do gestuerwen de 15. Mäerz 1947.
Ëm 1910 huet d'Berthe Brincour zu München Konscht studéiert. Duerno huet si zu Genf a Lausanne gewunnt. Tëscht 1934 an 1941 huet se zu Paräis gelieft an huet do an den Tuilleries an am Salon des Indépendants hir Biller presentéiert. Och am Salon annuel vum Cercle Artistique waren hir Portraits-, Landschafts- a Blummebiller ze gesinn.
1941 ass d'Berthe Brincour nees op Lëtzebuerg komm.