Béibreg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Béibreg | |
---|---|
Land: | Däitschland |
Bundesland: | Rheinland-Pfalz |
Landkrees: | Béibreg-Prüm |
Koordinaten: | 49°58'N, 06° 32'E |
Fläch: | 47,54 km² |
Awunner: | 12.927 (31. Dezember 2003) |
Bevëlkerungsdicht: | 272 / km² |
Héicht: | 350 m i. NN |
Buergermeeschter: | Dr. Joachim Streit (Lëscht Streit) |
Béibreg (dt.: Bitburg) ass d'Kreesstad vum Landkrees Béibreg-Prüm a Rheinland-Pfalz (Däitschland).
Gréissten Employeur a Kennzeeche vun der Stad ass d'Bitburger Brauerei.
[Änneren] Geschicht
Béibreg gouf virun ca. 2000 Joer als Verkéiersachs tëscht Lyon, Metz, Tréier a Köln als kleng Siidlung mam Numm Vicus Beda gegrënnt. Dës gouf ëm 330 zu engem Kastell ausgebaut, do, wou haut nach de Stadkär ass. 715 gëtt Béibreg eng éischte Kéier als Castrum bedense an engem Dokument ernimmt. 1262 kritt Béibreg Stadrechter iwwerdroen. Zënter hirem Bestoe gehéiert Béibreg zu der Grofschaft Lëtzebuerg, dono zum Herzogtum.
1815 gungen d'Territoiren ëstlech vu Musel, Sauer an Our (an domat och Béibreg) un déi preisesch Rhäinprovënz, Béibreg gouf Kreisstadt. Am Zweete Weltkrich gouf et zu 85 % zerstéiert. Dono ware fir e puer Joer lëtzebuergesch Truppen als Besatzungstruppen hei stationnéiert; 1955 hunn d'Fransousen dës Roll iwwerholl, dono d'Amerikaner.
Béibreg ass ë.a. jumeléiert mat Dikrech an Arel.
[Änneren] Kuckeswäertes
- Parkierch Liebfrauen zu Béibreg
- de Geessebur