Antonius Maria Zaccaria
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Antonius Maria Zaccaria Antonius Maria Zaccaria 1502 – 5. Juli 1539 |
||||||||
{{{Bild}}} | ||||||||
Detailer | ||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Den Antonius Maria Zaccaria war en italienesche Priester a Physiker deen 1502 zu Cremona an Italien gebuer gouf.
Hie staamt aus enger nobeler Famill. Hie studéiert Medizin zu Padua an engagéiert sech als Laien an der Verkündung. E gëtt Unterecht am Katechismus, hält Virträg an organiséiert Seminairen. Am Alter vu 26 Joer gëtt e Priester, woubäi seng Aarbecht sech haaptsächlech un déi geeschteg Elite vun de Stied adresséiert fir dann iwwert si op déi breed Massen anzewierken.
Doraus entwéckelt sech vu 1530 un d' Kongregatioun vun de Regularkleriker vum Hellege Paulus, kuerz Paulaner, déi Aufgaben an der Erzéiung vun der Jugend an an der Volleksmissoun iwwerholl hunn. Nodeems se vum Poopst 1533 unerkannt ginn an a d'Klouschter S. Barnaba zu Mailand geplënnert sinn ass den Uerden Barnabiten genannt ginn. Hiert Uleies war d'Unhiewe vun der Moral an alle gesellschaftleche Schichten, virun allem och am Klerus. Net laang duerno ass och eng Fraekongregatioun gegrënnt ginn, déi Englesch Schwëstere vum Hellege Paulus, kuerz d'Angeliken, déi sech virun allem em Meedecher gekëmmert huet.