Aloyse Kayser
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Aloyse Kayser (* 29. Januar 1874 zu Miersch, † 6. Mäerz 1926) an der Stad war e lëtzebuergesche Politiker.
Vu Beruff war den Aloyse Kayser en Eisebunner; politesch war hien, mam Xavier Brasseur, Michel Welter a Bernard Krack, ee vun den Haaptleit vun der Sozialistescher Partei vu Lëtzebuerg, fir déi e jorelaang Deputéierten an der Chamber war.
Nieft der Politik war hien aktiv am Sport; hie war de Grënner vum Turnerverband.
Zu Lëtzebuerg-Belair, zu Péiteng, Diddeleng an zu Esch-Uelzecht ass eng Strooss no him benannt.